Richard Lütteke
- Graduéierter Mathematiker, Mataarbechter am Energiesecteur
- 44 Joer
- Walfer
"Ech wunne säit 12 Joer mat menger Fra an eisen zwee Kanner an der Gemeng Walfer. Sozial Gerechtegkeet an d'Erhalung vun eiser Ëmwelt fir zukünfteg Generatiounen si mir wichteg. Fir mech si béid Themen ontrennbar matenee verbonnen. Well ech berufflech mat Theme wéi Energieeffizienz an erneierbar Energië vertraut sinn, sinn ech am Moment am Klimateam vun der Walfer Gemeng engagéiert. Elo wëll ech mech an der Gemengepolitik engagéieren an zu enger besserer Liewensqualitéit fir eis all an der Gemeng bäidroen."
