background background

Walfer

Jessie Thill

  • Schäffin & Deputéiert

Schäffin an Deputéiert

D’Jessie Thill (Joergang 1996) ass eng lëtzebuergesch Politikerin vun déi gréng. Am Januar 2022 ass si als Deputéiert fir den Zentrumsbezierk fir de Carlo Back an der Chamber nogeréckelt.

D’Jessie Thill ass geléiert Ëmweltphysikerin an huet bis zu hirer Vereedegung als Deputéiert als Chargée d’études bei der Ëmweltverwaltung geschafft. Zanter 2020 ass si zweet Schäffin vun der Gemeng Walfer, wou si virdrun och schonns zanter 2017 Member vum Gemengerot war.

Hir politesch Schwéierpunkte si virun allem den Ëmwelt- an de Klimaschutz. Hir Iwwerzeegung, datt d’Klima- an d’Biodiversitéitskris eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit ass, huet si zu engem politeschen Engagement bei déi gréng beweegt. D’Jessie Thill ass aus deem Grond och Member vun der Ëmwelt- a Klimakommissioun.

Nieft den ëmwelt- a klimapoliteschen Theemen läit hir och de Logement an dem Accès zu bezuelbarem Wunnraum fir déi Jonk um Häerz. D’Jessie Thill bekennt sech kloer zum Feminismus an zur Chancëgläichheet tëschent de Geschlechter.