Carole Majerus
- Apdiktesch
- 64 Joer
- Helsem
"Mäin Numm ass Carole Majerus. Ech si 64 Joer al, vu Beruff Apdikterin a Mamm vun 2 Adoptivkanner, leider ouni Enkelkanner. Ech sinn am Lëtzebuerger Folklorsdanz aktiv a bei de Faaschtewanderfrënn Lëtzebuerg. Zënter 18 Joer engagéieren ech mech bei deene Walfer Grénge fir eng gesond Ëmwelt fir eis Kanner a Kandskanner. Gesond Ëmwelt heescht: Naturschutz, Klimaschutz, Ressource schounen, douce Mobilitéit. Gesond Ëmwelt bedeit fir mech och, Wuelbefanne fir jiddereen a Respekt ee virun deem aneren. Dofir sinn och, bezuelbare Wunnraum, gesond Entwécklung fir eis Kanner, Inclusioun, Integratioun wichteg fir mech. Alles dat steet am Walprogramm vun déi gréng Walfer an dofir sinn ech Kandidatin."
