background background

Walfer

Serge Remy

  • Employé am Finanzsecteur
  • 56 Joer
  • Bäreldeng

"Bestuet, Papp vun 2 Kanner, mir wunnen zënter 16 Joer zu Bäreldeng. Zu Lëtzebuerg ukomm fir am Finanzsecteur ze schaffen, a wéinst der Liewensqualitéit bliwwen. Engagéiert fir méi wéi 30 Joer a politesch a sozial Bewegungen. Fir eng konkret Aktioun géint de Klimawandel ze maachen, sinn ech an enger lokaler Energiekooperativ, déi Photovoltaikanlagen op Gebaier am Uelzechtdall setzt. Am Ufank vun der Pandemie hunn ech mat menger Fra eng Petitioun fir den Télétravail an der Chamber presentéiert. Walfer entwéckelt sech, urbaniséiert, et muss een dës Ännerungen notzen, fir e richtegen Zentrum ze schafen an de ländlechen a bukoleschen Aspekt vun der Uelzecht mat de Konstruktiounen, déi néideg sinn, fir de neien AwunnerInnen an neien Aarbechtsplaze Raum ze bidde kombinéieren."