Carole Wesquet
- Sozialaarbechterin
- 42 Joer
- Bäreldeng
"Et ass mir wichteg mech an der Gemeng wou ech wunnen z’engagéieren. Mir läit virun allem eng nohalteg Gemeng um Häerzen, wou den Auto net de Mëttelpunkt an eise Quartiers duerstellt, mee de Fokus op eise Kanner, eelere Leit, Foussgänger, Vëlosfuerer geriicht ass. Ech fannen, et ass wichteg, datt mer eis bewosst sënn, datt eis Ressourcen endlech sënn, datt mer nëmmen eng Welt hunn déi mer dréngend a sënnvoll schütze mussen. An dat féingt am Klengen un : bei mir selwer, a mengen Ëmfeld an a menger Gemeng."
