background background

Walfer

Aline Schaltz

  • Gemengerot
  • Fräiberufflech
  • Diploméiert an der nohalteger Entwecklung
  • 34 Joer
  • Helsem

"Mat Passioun a Begeeschterung wëll ech mech an der Gemengepolitik engagéieren. Hei kann ech mäin Fachwëssen aus mengem Studium a menger professioneller Erfarung als Ëmweltberoderin fir Gemenge konkret asëtzen. Als Mam vun zwee klenge Kanner ass et mir besonnesch wichteg d’Gemeng duerch innovativ an attraktiv Moossname fir Zukunft virdeelhaft opzestellen. Ech gesinn Erausfuerderungen als Chancen déi een notze kann. Ganz konkret denken ech do beispillsweis un nei Wunn- an Aarbechtsformen.  Oder den ëffentleche Raum, dee méi soll si wéi nëmmen en Duerchgangswee mee ee faarwegen, sécheren a beliewenden Uert dee vun all BiergerInnen aktiv genotzt ka ginn."